arrow_back_ios
Europa Aktuell
Brexitverhandlungen: Fëscherei dës Woch am Mëttelpunkt
Zanter gëschter gëtt nees intensiv verhandelt tëscht der Europäescher Unioun a Groussbritannien. Des Woch ass déi 4. Ronn vun de Brexit-Gespréicher. Am Mëttelpunkt steet d'Fëscherei. Dat Kapitel sollt am Fong bis den 1. Juli ofgeschloss sinn. Doru gleeft awer kee mei esou richteg.
Wat heescht dat, a wéi geet et elo virun?
D'Danièle Weber mécht de Point iwwert d'Verhandlungen iwwert een Accord tëscht der EU a Groussbritannien - deen matten an der Corona-Kris e bëssen aus der Aktualitéit verschwonnen ass.