Europa Aktuell
/ Europa Aktuell: Propose fir europäesche Mindestloun eréicht am September
Europa Aktuell: Propose fir europäesche Mindestloun eréicht am September
De Kader setzen fir een europäesche Mindestloun, dat ass eng vun den Aufgaben, déi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen dem Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit ginn huet.
Bannent 100 Deeg sollt eng Gesetzespropose ausgeschafft ginn. Mee schonn am Januar, wéi eng 1. Consultatioun mat de Sozialpartner lancéiert gouf, war kloer, datt deen Zäitplang onrealistesch war.
Gëscht huet d'Kommissioun d'Resultater vun där Phase presentéiert. Bedenke bleiwen souwuel bei de Patronen wéi bei de Gewerkschaften. Doriwwer soll elo an enger zweeter Ronn weider diskutéiert ginn. Wourëms geet et bei där Kritik a wéini soll dann elo eng konkret Propose um Dësch leien?
D'Danièle Weber huet mam EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, dem Nicolas Schmit geschwat.