Europa Aktuell
EU-Sommet: De Sträit iwwer de Budget geet virun
An der EU gëtt weider iwwer Sue gestridden. Haut schwätzen d'EU-Staats- a Regierungscheffen op engem EU-Sommet iwwer de Budget vun der Europäescher Unioun an iwwer de Plan de Relance, deen de Länner soll hëllefen, d'Konsequenzen vun der Corona-Kris opzefänken.
Et gëtt am Fong net domat gerechent, datt ee sech haut eens gëtt. Dobäi presséiert et, well d'Sue ginn eigentlech dréngend gebraucht.
Ëm wat geet et dann haut konkret? Wou leien déi Haaptenjeuxen? A wat kritt Lëtzebuerg eigentlech aus deem Fonds de relance? Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.