arrow_back_ios
Europa Aktuell
Batterien: Europäesch Industrie brauch weider Start-Hëllef
D'Corona-Kris kéint d'Elektromobilitéit an der EU puschen. Dat hoffen Klima- an Ëmweltschützer. Wichteg wier et, manner ofhängeg vum asiatesche Maart ze ginn. Aus deem Grond hat d'EU-Kommissioun virun dräi Joer déi europäesch "Batterien-Allianz" lancéiert. Allerdéngs huet d'EU do nach ëmmer ee grousse Wee viru sech. D'EU muss d'Reegele fir Standarden an der Produktioun séier virleeën, seet den Energieminister Claude Turmes.