Europa Aktuell
De Leopold vum Sockel hiewen
7 min
Haut viru 60 Joer gouf de Kongo onofhängeg vun der Belsch - an als Republik ausgeruff. Den 30. Juni gouf dowéinst als Deadline erausgesicht fir eng Ënnerschrëftenaktioun déi verlaangt, datt all d'Statue vum Kinnek Leopold dem II sollen ewech geholl ginn. De fréiere belsche Kinnek gëtt do als Henker bezeechent. Et wier net weider ubruecht, dee Personnage als Held ze feieren, soen d'Auteuren vun där Petitioun.
D'Diskussioun ronderëm déi belsch Vergaangenheet ass nees lancéiert. D'Danièle Weber huet mat verschiddenen Acteure geschwat.