Europa Aktuell
Wie gëtt neie Chef vum Eurogroupe?
De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna wëll et dem Jean-Claude Juncker no maachen a Chef vum Eurogroupe ginn. An deem Euro-Groupe treffe sech zanter 1998 regelméisseg d'Finanzministeren aus den 19 EU-Länner, déi den Euro hunn.
D'Reuniounen hun ee reng informelle Charakter. Den EU-Traitéën no huet nämlech den Eurogroup keng explizit Kompetenzen. Wéi wichteg ass et, datt et dee Groupe weider gëtt? Wat kënnt an dëse Krisenzäiten op deen neie Chef duer? An natierlech: Wéi stinn dem Pierre Gramegna seng Chancen, dee Posten ze kréien?
D'Danièle Weber huet mat Experten geschwat.