Europa Aktuell
EU-Presidence: Frau Merkel, übernehmen Sie!
All sechs Méint iwwerhëllt een anert Land d'Présidence an der Europäescher Unioun. D'Lëscht vun de Länner, déi een no am aneren un d'Reih kommen, steet laang am Viraus fest. Dofir ass et Zoufall, datt elo, mattsen an der Kris, Däitschland des Roll iwwerhëlt an domatt däitsch Ministeren, d'Reuniounen mat den EU-Kollegen presidéieren.
Sielen waren d'Erwaardungen an eng EU-Présidence esou grouss. Gëschter huet di däitsch Kanzlerin am Europaparlament de Programm presentéiert, an huet dobäi eng Partie Froen opgeloss.