Europa Aktuell
EU-Sommet: Dorëm geet et am grousse Finanzsträit
Et geet em vill Suen, wa sech haut d'Staats- a Regieurngscheffen fir d'éischte Kéier zanter der Pandemie nees life kënnen an d'Ae kucken: Zwee Deeg laang diskutéieren si iwwert een EU - Budget vun eppes iwwert enger Billioun Euro an iwwert ee Fonds de Relance vu méiglecherweis 750 Milliarden Euro.
Et gëtt vill Sträitpunkten iwwert dee Finanz-Paak an et gesäit nach net dono aus, datt sech dee Knuet séier opléise léisst. Um Enn kéint sech och nach d'Europaparlament queesch stellen.
D'Danièle Weber iwwert d'Haaptenjeuen an deem Finanz-Sträit