Europa Aktuell
Wéi vergläichbar sinn d'Coronazuelen an der EU?
Lëtzebuerg ass dat Land an der EU, an deem am meeschte Leit op de Coronavirus getest ginn. Dat erkläert och déi méi héich Infektiounszuelen, sot de Premier Xavier Bettel, wéi hien déi neisten Entwécklungen hei am Land op internationalem Niveau erkläert huet.
Allerdéngs ass dat nëmmen een Deel vun der Erklärung. Mee: Kann een iwwerhaapt d'Zuelen vun de verschiddene Länner matenee vergläichen? A si Massentester sënnvoll?
D'EU stäipt sech an hire Recommandatiounen op d'Donnéeë vum Europäeschen Zentrum fir Krankheets-Preventioun a -Kontroll. D'Danièle Weber huet mat der Direktesch vun deem Zentrum geschwat.