Europa Aktuell
EU Budget: Zéi Verhandlungen tëscht EU Parlament a Memberlänner
Dës Woch hunn d'Negociatiounen tëschent dem Europaparlament an den EU-Memberlänner iwwer de laangfristegen EU-Budget ugefaangen.
D'Staats- a Regierungscheffe ware sech kuerz virun der Summerpaus eens ginn, no zéien an deeglaange Verhandlungen, iwwer dee Budget vun iwwer enger Billioun Euro an iwwer ee Fonds de Relance.
De Gruef tëschent de Verhandlungspartner wier déif, sot direkt nom Optakt ee vun de Chef-Negociateure vum Parlament. Et géif ee sech awer elo net hetze loossen.
Detailer vu Bréissel vum Danièle Weber.