Europa Aktuell
Europaparlament: Kee back to normal
D'Europaparlament bleift déi nächst Woch zu Bréissel a plënnert net op Strosbuerg. D'EU-Traitéë gesinn dat anescht vir: Eemol am Mount ass d'Parlament zu Stroossbuerg, ëmmer da wann d'Plenarsitzunge sinn. Zanter dem Ufank vun der Pandemie goufen déi Sitzungen awer zu Bréissel ofgehalen. An dat wäert och am September esou bleiwen. Frankräich fäert, datt elo de Site zu Stroossbuerg a Fro gestalt gëtt - an domat kéint och den Drock op Lëtzebuerg wuessen - dat jo och zu den dräi europäeschen Haaptstied gehéiert. D'Danièle Weber informéiert.