arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Klimaziler: Ze vill oder net genuch?
D'EU muss eng Schëpp bäileeën am Klimaschutz. Dat sot dës Woch d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. D'Klimaziler sollen däitlech verschäerft ginn.
Dovun ass net jiddweree begeeschtert. Op der anerer Säit gëtt et Kritik, datt och dat, wat elo proposéiert gëtt, nach ëmmer net géif duergoen, fir de Klimawandel effektiv ze stoppen.
Wat ass konkret geplangt, a wéi realistesch sinn déi nei Ziler? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.