Europa Aktuell
D'lëtzebuergesch Äntwert op den internationalen Nilgäns-Problem
Gutt 70 Zentimeter grouss, ee markant däischteren Aefleck an opfalend laang Been: rieds ass vun der Nilgäns. An ëmmer méi Flëss a Séien am Land héiert ee se schnadderen. Dobäi ass se net vun hei. Ursprénglech kënnt se aus afrikanesche Gewässer, wéi den Numm och verréit. Am alen Ägypte war se helleg, hei gehéiert se zu den invasiven Déierenaarten. Dat beschränkt sech awer net op Lëtzebuerg. Den extrem upassungsfäegen Vull breet sech och a villen aneren europäesche Länner aus. Zanter 2017 steet en dowéinst op der EU-wäiter Lëscht fir invasiv Déierenaarten. Een nationalen Aktiounsplang soll zu Lëtzebuerg déi weider Verbreedung verhënneren. De Grond: d'Nilgäns bréngt eng ganz Rei Problemer mat sech. De Cyrille Hill beriicht: