Europa Aktuell
Reform vum europäeschen Asylsystem: Wat gëtt genee proposéiert?
Eng Quot fir Flüchtlingen an der EU ze verdeelen - dat ass eng rout Linn fir verschidde Länner an dofir ee vun de grousse Sträitpunkten an der Europäescher Unioun.
D'Länner um Bord vum Mëttelmier, wou déi meeschte Flüchtlingen ukommen, fille sech eleng gelooss a fuerderen zanter Joren, datt aner Memberstaaten musse Refugiéë vun hinnen ophuelen.
Gëschter huet d'Europäesche Kommissioun eng Propose fir eng Reform vum System gemaach. Eng Quot ass doran net virgesinn. Wéi soll dee neie System da funktionéieren? Kann de jorelaange Sträit an der EU doduerch bäigeluecht ginn?
Doriwwer schwätze mer elo mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.