arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europaparlament: Mir si prett virun ze verhandelen
Wéini kënnen d'EU-Länner vun de 750 Milliarden Euro aus dem Fonds de Relance profitéieren? Eigentlech sollten d-Suen aus deem Anti-Krise-Mechanismus Ufank 2021 zur Verfügung stoen.
De Fonds de Relance hänkt awer mam EU-Budget zesummen - an do muss d'éischt nach d'Europaparlament gréng Luucht ginn.
D'Parlament ass iwwerdeems nach ëmmer net d'accord mat deem, wat d'EU-Staats- a Regierungscheffen am Juli decidéiert hunn.
Dat huet een Debat gëschter Owend am Europaparlament gewisen.