Europa Aktuell
Gréng, orange, rout: neien EU-System fir Risikogebidder auszeweisen
Corona a Vakanz - dat ass ee schwiregt Theema. Wie wëllt an d'Ausland an d'Vakanz fueren, muss sech intensiv mat de Reegelen a Restriktiounen, déi et op deene verschiddene Plaze gëtt, befaassen.
Op europäeschem Niveau gëtt zanter Wochen dru geschafft, d'Saach méi einfach ze maachen an eenheetlech Reegelen opzestellen.
Dës Woch si sech déi 27 EU-Länner elo eens ginn iwwer een System fir Risikogebidder auszeweisen. D'Lëtzebuerger Regierung huet sech duerno éischter skeptesch gewisen.
Wat bréngt dat fir een, deen op der Sich ass no där richteger Vakanzendestinatioun? A firwat ass Lëtzebuerg net zefridden domat?
Doriwwer schwätze mer elo mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.