Europa Aktuell
Haarde Coup fir d'Stad Stroossbuerg
Wärend sech zu Bréissel d'Staats- a Regierungscheffen perséinlech op hirem EU-Sommet begéinen, huet d'Europaparlament eng aner Decisioun geholl: D'Plenière déi nächst Woch gëtt op Distanz, also online organiséiert. D'Situatioun a Frankräich an an der Belsch wier en Vue vun der Corona-Pandemie ze vill schro, esou de Parlamentspresident David Sassoli. Een Deplacement wier dowéinst eng Gefor.
Stroossbuerg wier nach ëmmer de Sëtz vum Parlament, esou den David Sassoli. Et géif een alles maachen, fir nees dohin ze goen. Fir d'Stad selwer ass déi Decisioun iwwerdeems een haarde Coup. Zanter Februar si keng Europadeputéiert méi do gewiescht. An dat huet vill Konsequenzen. Vu Stroossbuerg, e Reportage vum Loreline Merelle.