arrow_back_ios
Europa Aktuell
Les coulisses de l'Europe
Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kënnt op den EU-Sommet zeréck, dee gëschter op een Enn gaangen ass. Do stoung de Brexit am Zentrum vun den Diskussiounen, respektiv déi zukünfteg Bezéiungen tëschent der EU a Groussbrittannien. D'Scheedung geet jo op den 31. Januar dëst Joer zeréck, mee déi zwou Säiten hu sech bis Enn des Joers ginn, fir een ambitiéisen Handelsaccord ze verhandelen. Allerdéngs huet de Sommet gewisen, datt een nach net ganz wäit komm ass.