arrow_back_ios
Europa Aktuell
Vill Kritik um Projet de loi fir kollektiv Recoursen
Am Summer huet d'Regierung de Projet de loi iwwer d'Recours collectifs fir Konsumenten an der Chamber deposéiert. Bis ewell gëtt et vill Kritik um Projet. Dat esou wuel vu Säiten vum Konsumenteschutz a vum Patronatsverband UEL, mee och de Conseil de la Concurrence ass a sengem Avis enttäuscht vun der Virlag. Dobäi ass eng europäesch Direktiv ënnerwee, déi am November duerch Plenière vum Europaparlament soll goen. D'Michèle Sinner mat Detailer.