Europa Aktuell
Covid-19 als Katalysator fir méi propper Loft?
Eng méi propper Loft - dat gëtt als ee vun wéinegen Pluspunkten ugesinn, déi Corona mat sech bruecht huet. Allerdéngs ass et guer net sécher, wéi positiv sech de Confinement effektiv op d'Loftqualitéit ausgewierkt huet. Iwwerdeems gëtt et Studien déi soen, datt eng schlecht Loftqualitéit sech negativ op de Krankheetsverlaf vun Covid-19 auswierkt.
Ëmweltaktivisten hoffen, datt d'Pandemie dozou bäidréit, datt déi respektiv europäesch Gesetzer verbessert ginn. D'Danièle Weber iwwer den Zesummenhank vun der Longekrankheet Covid-19 an der Loft, déi mer ootmen.