Europa Aktuell
Tilly Metz am Gespréich
Bal 40 Prozent vum EU-Budget ginn an d'Agrarpolitik, eng grouss Partie dovu gëtt a Form vun direkte Subventiounen un d'Baueren ausbezuelt. An Zukunft solle méi Suen un den Ëmwelt- a Landschaftsschutz geknäppt ginn. Och den Déiereschutz soll méi grouss geschriwwe ginn.
D'Europaparlament an d'Memberlänner si sech net eens iwwer d'Detailer vun där Reform.
D'Danièle Weber huet mat der Europadeputéierter vun deene Gréngen, Tilly Metz, geschwat. Si ass och Presidentin vun der neier Spezialkommissioun am Parlament, déi sech mat de Mëssstänn bei den Déierentransporter befaasst.