Europa Aktuell
Findel: Gepäckkontroll no neien EU-Krittären
D'Kontroll vun de Gepäckstécker ass eng vun de wichtegste Sécherheets-Aufgaben, déi e Flughafe assuréiere muss. Um Findel ass dee Security check neierdéngs nach e bësse méi performant, wéi bis elo: Ouni datt d'Passagéier eppes dovu matkritt hätten, sinn nämlech an de leschte Méint Aarbechte gemaach ginn, fir d'Kontroll vun de Bagagen nach méi effikass a performant ze maachen. Déi Aarbechte waren noutwendeg, well se vun der Europäescher Unioun verlaangt gi sinn. De Maurice Molitor huet sech déi nei Anlag um Findel erkläre gelooss.