Europa Aktuell
Europäesche Mindestloun: "Viru Geriicht goen ass net geplangt"
21 Länner an der Europäescher Unioun hunn ee gesetzleche Mindestloun.
En Europäesche Mindestloun aféieren, dat war ee vun de Verspriechen vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, wéi si am September zejoert ugetrueden ass. Bannent 100 Deeg sollt eng Propos um Dësch leien, hat deemools den EU-Kommissär, deen dofir zoustänneg ass, de Lëtzebuerger Nicolas Schmit annoncéiert.
Den Dialog mat de Sozialpartner huet méi laang gedauert, a gëschter war et dunn esou wäit. D'Kommissioun huet en Text fir eng EU-Direktiv presentéiert. Wéi erwaart, plangt Bréissel net de Länner ee konkrete Niveau vun engem Loun virzeschreiwen, mee well villméi Krittäre festleeën, no deenen d'Mindestléin sollen definéiert ginn.
D'Danièle Weber mat Detailer