arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Pandemie-Gestioun bleift eng national Fro
Frankräich an Däitschland, déi zwou ekonomesch Groussmuechten um europäesche Kontinent, verschäerfen hir Anti-Covid-Mesuren nees. Mee bis ewell gesäit et net duerno aus, wéi wann déi zweet Well vun der Pandemie zu méi europäescher Koordinatioun géif féieren. Dës bleift eng national Fro, seet de Sandro Calderon vun der RTBF.
Eng Chronik vum belschen ëffentlech-rechtleche Sender, deen d'selwecht wéi de radio 100,7 Member am Reseau Euranet Plus ass.