arrow_back_ios
Europa Aktuell
Méi onofhängeg duerch europäesch Supercomputeren
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Vum nächste Fréijoer un wäert de Lëtzebuerger Super-Computer MeluXina prett fir den Asaz sinn.
Et ass deen éischte vun enger ganzer Serie vu Computeren, déi capabel sinn, "Super-Calcullen" ze machen. D'Europäesch Kommissioun huet Wëlles, méi ewéi aacht Milliarden Euro an déi nei Technologie ze investéieren. De Plang ass et, een europäesche Réseau opzebauen, fir déi zukünfteg Super-Computeren ze koordinéieren a fir esou manner ofhängeg vun den USA a China ze ginn.