Europa Aktuell
EU-Kommissioun wëll Gesondheets-Agence stäerken
6 min
D'Europäesch Unioun wëll aus der Pandemie eppes léieren. Gëschter huet d'Kommissioun Propose gemaach fir eng "EU for health", eng "Gesondheetsunioun".
Bis Enn 2021 soll eng nei Autoritéit geschaafe ginn, déi fir Krisesituatiounen zoustänneg ass. An der Tëschenzäit sollen awer och déi zwou Gesondheet-Agencen, déi et elo scho gëtt, gestäerkt ginn.
Allerdéngs ass de Spillraum vun der EU hei begrenzt. D'Fro ass deemno, wéi wäit d'Memberlänner an Zukunft prett sinn, mat op dee Wee ze goen.