arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europaparlament am Lockdown!
Am Gebai vum Europaparlament zu Bréissel ass den Ament net vill lass. Zwar sinn all Dag eng sëllege Reuniounen a Kommissiounen oder an de Fraktiounen. Vun deene 705 Europadeputéiert sinn awer déi mannsten zu Bréissel present.
Dat ass och explizitt net erwënscht. Et soll, esou wäit wéi méiglech, alles online organiséiert ginn, esou den Uerder vu ganz uewen.
Domat ass awer nach laang net jiddwereen d'accord. Vu Bréissel, d'Danièle Weber.