Europa Aktuell
Europa-Interview: Den Europadeputéierten Daniel Freund
Virun zimmlech genee engem Joer huet déi nei EU-Kommissioun mat hirer Aarbecht ugefaangen. Eng gutt Geleeënheet fir mol ze kucken, wat d'Memberen aus där leschter Ekipp elo berufflech maachen. Si musse bei der Kommissioun eng Autorisatioun fir hir Aktivitéiten ufroen. Doduerch sollen Interessekonflikter evitéiert ginn.
Den Daniel Freund, fréiere Mataarbechter vun der ONG Transparency International an haut Europadeputéierte vun den däitsche Gréngen huet eng Lëscht zesummegestallt mat den Niewen-Jobben vun den Ex-Kommissären.
Interessekonflikter sinn net ausgeschloss - zum Beispill beim fréieren däitschen EU-Kommissär Günther Oettinger, esou seng Conclusioun.
D'Danièle Weber huet mam Daniel Freund geschwat.