Europa Aktuell
Wantersport: EU hält sech zeréck mat kloren Uweisungen
Ass eng Schivakanz ubruecht matten an enger Corona-Pandemie? Éisträich huet dës Fro gëschter domat beäntwert, datt d'Land tëschent dem 7. Dezember an dem 10. Januar eng Quarantän fir Touristen vun zéng Deeg aféiert. Domat ass kloer: Touristen aus dem Ausland wäerten dëst Joer kaum op de Pisten an der Alperepublik ënnerwee sinn. Italien a Frankräich hunn och wëlles, Leit dovun ofzehalen, an hir Schigebidder ze reesen.
Bleift nach d'Schwäiz, déi bis elo keng Restriktiounen annoncéiert hunn.
Reesen u sech ass net onbedéngt geféierlech, seet iwwerdeems een neie Rapport vun der europäescher Gesondheets-Agence, déi gëschter publizéiert gouf. D'EU verzicht awer drop, kloer Reegelen fir d'Wantersaison ze proposéieren. D'Danièle Weber mat Detailer.