Europa Aktuell
D'Recht fir net méi un d'Aarbecht ze denken
Muss ee Salarié nonstop iwwer Handy, Tablett oder Computer fir seng Firma erreechbar sinn oder huet en e Recht op ofschalten? D'EU-Parlament wëllt dëst Recht op europäeschem Niveau verankeren. Ma och hei am Land wëllen d'Sozialpartner iwwer déi Fro diskutéieren. D'Salariatschamber wënscht sech datt d'Recht op Ofschalten am Code du Travail verankert gëtt. Fir den Aarbechtsminister ass d'Thema, op Nofro hin eng Prioritéit. Wéini d'Diskussioune konkret sollen ufänke wier awer nach onkloer. Kloer, ass dem OGBL no awer schonn, datt bis ewell just e puer Firmen hire Salariéen dësen Droit à la Deconnexion garantéieren. Maxi Pesch.