Europa Aktuell
Nordmazedonien an d'EU: Bulgarien bleift bei sengem Veto
Ass "mazedonesch" eng eege Sprooch? Déi Fro ass den Ament eng héich politesch an der EU.
Nord-Mazedonien ass nämlech Kandidat fir Member vun der EU ze ginn a waart zanter 15 Joer drop, datt d'Verhandlungen doriwwer ufänken.
Bulgarien awer huet säi Veto ageluecht - ënner anerem wéinst engem Sträit iwwert d'Wuerzelen vun der mazedonescher Sprooch.
An d'Land bleift bGëschis op Weideres dobäi, d'Bäitrëtts-Gespréicher mat Nord-Mazedonien ze blockéieren - wéi sech gëschter op enger Reunioun zu Bréissel gewisen huet.
Vu do mellt sech d'Danièle Weber