arrow_back_ios
Europa Aktuell
Frankräich mécht Drock: Europaparlament soll zeréck op Stroosbuerg
Zanter dem Ufank vun der Pandemie ginn d'Sitzunge vum Europaparlament an éischter Linn online organiséiert. De Sëtzungssall zu Stroossbuerg ass eidel bliwwen, wat déi franséisch Europadeputéiert an och déi franséisch Regierung rose mécht. Si hunn Drock opgebaut, fir datt d'Parlament nees soll - Pandemie hin oder hier - esou séier wéi méiglech op Stroossbuerg zeréckkommen. De President David Sassoli huet dowéinst haut ee kuerzen Optrëtt am Hémicycle an der elsässescher Haaptstad. Vu Strossbuerg, d'Loreline Merelle