Europa Aktuell
Frontalieren am Chômage: aner Länner, aner Rechter
Wann ee Frontalier hei am Land seng Aarbecht verléiert, da muss hie Chômage bei sech doheem ufroen. Dat suergt fir vill Diskussiounen. Op europäeschem Niveau gëtt scho laang versicht, déi eenzel Sozialsystemer ze harmoniséieren.
Eent vun de Länner, dat sech an deem Kontext schwéier deet, ass Lëtzebuerg, notamment wéinst dem Chômage. Et kéint een aus verschidde Grënn net op de Wee vun enger totaler Harmonisatioun goen, heescht et vu Regierungssäit. Den Aarbechtsminister Dan Kersch verteidegt dës Approche, Kritik gëtt et vu Gewerkschaften. D'Christiane Kleer huet Detailer.