Europa Aktuell
Daniel Hegedus: "EU gouf politesch erpresst"
De Kompromëss, deen d'EU-Staats- a Regieurungscheffen iwwer den Europäesche Budget ausgehandelt hunn, war net gratis. Ungarn a Polen hate sech géint en neit Gesetz gestäipt, dat d'Ausbezuelen vun EU-Sue u Konditioune knäppt. Elo soll eng Zousaz-Deklaratioun déi nei Reegele méi liicht verdaulech fir déi zwee Länner maachen. Haut gëtt doriwwer am Europaparlament diskutéiert, an do gëtt et duerchaus Kritik.
Huet d'EU kleng bäi ginn a sech um Enn awer erpresse gelooss? Wéi eng Säit huet hei déi meeschte Plomme gelooss an deem Prozess?
D'Danièle Weber huet mam Daniel Hegedus, Politolog an Expert fir Europäeschen Droit beim German Marshall Fund geschwat.