Europa Aktuell
EU-Startschoss fir den Covid-Impfstoff: Wéini geet et lass?
De Countdown leeft: Déi europäesch Medikamenten-Agence kéint de Covid-Impfstoff vun den Entreprisë Biontech a Pfizer schonn den nächste Méindeg zouloossen. Duerno ass et un der Europäescher Kommissioun d'Autorisatioun ze finaliséieren. Dat kéint an enger Rekordzäit geschéien, huet et gëschter geheescht.
Wéi vill Impfstoff an enger éischter Phas ausgeliwwert ka ginn, ass awer nach net gewosst. Déi 27 EU-Länner sollen all mateneen ufänke mat impfen, wënscht sech d'Kommissioun. Wéi dat klappe soll, ass och nach net kloer. D'Danièle Weber informéiert.