Europa Aktuell
Däitsch EU-Présidence: De Bilan ass gemëscht
All halleft Joer iwwerhëlt een anert EU-Land d'Presidence vun der EU. Dat Land ass wärend där Zäit zoustänneg dofir, d'Reunioun vun de Ministeren op europäeschem Niveau ze organiséieren an ze leeden. Den Ament ass Däitschland un der Rei, dat nach bis den 31. Dezember.
Et goufe grouss Erwaardungen un dës Presidence: Wann dat ekonomesch stäerkste Land vun der EU d'Rudder iwwerhëlt, da beweegt sech eppes - och op Dossieren, déi virdru blockéiert waren - esou d'Hoffnung.
Huet Däitschland déi Hoffnungen erfëllt? Wéi vill huet sech beweegt an deem hallwe Joer, dat virun allem vun der Corona-Pandemie bestëmmt war?
Doriwwer schwätze mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.