Europa Aktuell
Europa Interview: Petra Kammerevert
An Zukunft musse Facebook, YouTube oder Google séier handelen: Een neit EU-Reglement schreift vir, datt terroristesch Propaganda am Internet muss bannent enger Stonn geläscht ginn. D'EU-Institutioune ware sech kuerz viru Chrëschtdag iwwer déi nei Reegelen eens ginn. Et war jorelaang doriwwer diskutéiert ginn. Ënner anerem nodeems terroristesch Attacken, wéi déi 2019 an enger Moschee zu Christchurch an Neuseeland, live am Internet iwwerdroe goufen.
D'Europaparlament war skeptesch, ënner anerem well déi ëmstridden Upload-Filteren am Gesetzestext nees opgedaucht waren. Ass dat neit Reglement eng Gefor fir d'Meenungsfräiheet?
D'Danièle Weber huet mat der Europadeputéiert vun der däitscher SPD, der Petra Kammerevert, geschwat.