Europa Aktuell
/ Interview Anna Cavazzini: EU brauch méi kloer Reegele fir Twitter & Co
Interview Anna Cavazzini: EU brauch méi kloer Reegele fir Twitter & Co
7 min
Nodeems Twitter, Facebook, Instagram a gëschter och YouTube d'Konte vum amerikanesche President Donald Trump gespaart hunn, gëtt nees vill iwwer d'Roll vun de Soziale Medien diskutéiert. Fir déi eng koum d'Decisioun ze spéit, anerer, wéi zum Beispill déi däitsch Bundeskanzlerin, fanne se awer och "problematesch". Et wier besser, wann de Legislateur dat géif reegelen, wéi een Direkter vun enger Entreprise, esou hir Kritik.
D'EU ass amgaang méi streng Reegele fir Internet-Plattformen auszeschaffen. Hätten déi dofir gesuergt, datt den Donald Trump méi fréi op Twitter gestoppt gi wier? Dat ass eng vun de Froe vum Danièle Weber un d'Anna Cavazzini, Europadeputéiert vun deene Gréngen a Presidentin vun der Kommissioun fir de Bannemarché an de Konsumenteschutz.