Europa Aktuell
Portugisesch EU-Presidence: Schwéierpunkt op Steiertransparenz
6 min
Zanter dem 1. Januar huet Portugal d'Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerholl.
Trotz der Corona-Pandemie huet d'Land wëlles dofir ze suergen, datt d'EU a verschiddenen Dossiere virukënnt. Dozou gehéiert dee vun der Steier-Transparenz. Et geet zum Beispill drëm d'Revenue vu groussen Entreprisen an d'Steieren, déi an all Land vun hinne bezuelt ginn, ze publizéieren. Lëtzebuerg ass bis elo dogéint. Et geet och ëm d'Besteierung vun de groussen Internet-Compagnië wéi Google, Facebook & Co.
D'Marie-Line Darcy resuméiert déi portugisesch Projeten.