Europa Aktuell
Interview: Miram-Lena Horn
7 min
E Méindeg den Owend hat de President vum Europaparlament bekannt ginn, datt déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monika Semedo bestrooft gëtt, wéinst psychologescher Belästegung vun hire fréiere Mataarbechter. Si gëtt dowéinst wärend 15 Deeg suspendéiert.
Et ass ee vu ganz wéinege Fäll am Europaparlament, an deem et zu Sanktioune kënnt. D'Parlament hat sech virun e puer Joer méi streng Reegele ginn. Déi ginn awer net konsequent ëmgesat, seet eng parlamentaresch Mataarbechterin, déi sech ëm de Blog Me Too EP bekëmmert - an deem Affer vu sexueller Belästegung sech zu Wuert mëllen. D'Mataarbechter hoffen, datt et méi dacks zu Sanktiounen am Fall vu Plaintë kënnt.
D'Danièle Weber huet mat der Vertriederin vun der Beweegung MeeTooEP am Europaparlament geschwat.