Europa Aktuell
Lobbyismus an der EU: Eng nei Kontrollinstanz kéint hëllefen
Op et Vertrieder vun der Industrie sinn, vun Ëmwelt-Organisatiounen oder aus regionale Verbänn vun de Memberlänner: Zu Bréissel sinn ronderëm iwwer 30.000 Lobbyisten aktiv, fir Afloss op d'EU Gesetzer ze huelen.
Am Dezember ware sech déi dräi EU-Institutioune eens ginn iwwer gemeinsam Reegelen iwwer den Ëmgank mat deene Lobbyisten. Virun allem Fäll, an deene d'Rolle gewiesselt ginn, suergen ëmmer nees fir Diskussiounen. Dat war zum Beispill de Fall, wéi den fréieren EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso bei eng grouss Bank schaffe gaangen ass.
D'Schafe vun enger Kontrollinstanz, déi doriwwer waacht, datt d'Reegelen agehale ginn, kéint hei fir méi Kloerheet suergen. Danièle Weber informéiert iwwer d'Diskussioun doriwwer.