Europa Aktuell
Mineurs non-accompagnés hoffen op de Flüchtlingsstatut
Matzen am Confinement goufen am Abrëll zejoert 12 onbegleet Mannerjäreger aus de griichesche Flüchtlingscampen op Lëtzebuerg relocaliséiert. Um Findel goufe si am Medieliicht vum Ausseminister Jean Asselborn empfaangen.
Elo liewen déi Kanner a Jugendlecher bal ee Joer hei am Land - wéi hir Situatioun an hiren Encadrement den Ament ausgesinn, huet d'Isabel Scott nogefrot. D'Erausfuerderunge fir dës Jonker si grouss, seet d'Caritas. Virun allem feelt et den Ament nach u kloer Zukunftsperspektiven, well si de Flüchtlingsstatut nach net unerkannt kruten.