Europa Aktuell
De SträIt mat AstraZeneka: D'Kommissioun zitt Konsequenzen
Déck Loft gouf et dës Woch tëscht der Kommissioun an dem Imfpstoff-Produzent AstraZeneka, bei deem d'EU 400 Milliounen Dosissen bestallt huet.
De Brittesch-Schwedesche Pharmakonzern hat annoncéiert, e kéint net sou vill an enger 1. Phase vill manner vun deem Impfstoff liwweren, wéi versprach.
Des Annonce koum, nach ier de Vaccin iwwerhapt zougelooss war - dat soll nämlech haut geschéien. Et gëtt effektiv erwaart datt déi Europäesch Medikamenten-Agence den Imfpstoff vun AstraZeneka haut am Laf vum Dag offiziell autoriséiert.
D'Fro ass, wéi eng Konsequenzen dee Sträit dann elo huet a virun allem: wéini ee kann mat deenen éischte Liwwerunge rechnen?
Doriwwer schwätze mer elo mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.