arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Aktiounsplang géint de Kriibs
D'Europäesch Kommissioun stellt haut een EU-Aktiounsplang géint de Kriibs vir. Bréissel wëllt méi decisiv wéi bis elo géint déi Krankheet virgoen. D'Besteierung vum Tubak soll iwwerschafft ginn.
Dofir ze suergen, datt manner gefëmmt gëtt, ass ee vun de Schwéierpunkten vun deem Plang an dat kéint och Repercussioune fir Lëtzebuerg hunn. De Modell fir d'Besteierung vum Tubak, dee bannent der EU iwwer d'Grenzen ewech verkaf gëtt, soll nämlech op de Leescht geholl ginn.