Europa Aktuell
Europäesch Solidaritéit huet vill Gesiichter
D'Corona-Pandemie trëfft d'Länner an Europa nach ëmmer ganz ënnerschiddlech. Den Ament ass d'Situatioun a Portugal besonnesch schlëmm. Gëscht koum eng Equipp vun der däitscher Bundeswehr zu Lissabonn un, fir do dem medezinesche Personal ze hëllefen.
Mat der Solidaritéit huet et net ëmmer gutt geklappt, wärend der Pandemie. A besonnesch elo, wou den Impfstoff knapps ass, ass och d'Europäesch Kommissioun an d'Kritik geroden. Lëtzebuerg steet hanner der EU-Strategie, datt huet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert gëschter an enger Diskussiounsronn kloer gemaach. Do gouf et awer och Kritik un der Lëtzebuerger Approche.
D'Danièle Weber informéiert.