Europa Aktuell
Nom Brexit: Brittesch Kënschtler soen, si goufe falegeloss
De Brexit huet eng ganz Partie Konsequenzen, déi sech virun allem a Groussbritannien eréischt lues a lues bemierkbar maachen. Och Kënschtler si betraff. Wéi iwwerall leien d'Aktivitéiten an deem Secteur den Ament wéinst der Pandemie esou gutt wéi brooch.
Mee och wann et nees lass gëtt, wäerten d'Artisten an d'Museker sech net esou wéi virdru fräi an der EU beweege kënnen. Si brauche Visaen a mussen eng ganz Partie Paperassen zesummesichen, well et elo nei Reegele gëtt! Dowéinst bekloe sech vun Elton John bis Sting och déi grouss Staren doriwwer, datt déi brittesch Regierung si beim Brexit falegelooss huet. Vu London d'Anais Cordoba.