arrow_back_ios
Europa Aktuell
Strukturelle Rassismus: Theema an de Lëtzebuerger Medien ukomm
De Mount Februar gëllt am angloamerikanesche Raum mëttlerweil als Black History Month. Zu Lëtzebuerg gëtt sech och weider mam Sujet Rassismus auserneegesat. Spezifesch d'Roll an d'Responsabilitéite vun de Medie goufe rezent ënner d'Lupp geholl. Dëst am Kader vun der Konferenz "Comment traiter du racisme dans la presse?", organiséiert vum Centre de documentation sur les migrations humaines an der ASBL Finkapé. D'Isabel Scott mat Detailer