Europa Aktuell
EU bréngt nei Sanktioune géint Russland op de Wee
D'Relatiounen tëschent der EU a Russland sinn op engem neien Déifpunkt ukomm. Gëschter huet d'Europäesch Unioun decidéiert, fir d'éischte Kéier hire neie Sanktiouns-Regimm am Zesummenhank mat Mënscherechtsverletzungen an d'Praxis ëmzesetzen.
An dësem Fall riicht sech dee Mechanismus geziilt géint eenzel Persounen, déi eppes mat der Inhaftéierung an der Verurteelung vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny ze dinn hunn. D'EU ass a bleift awer gedeelt an der Fro, wéi ee mat Russland soll ëmgoen.
Danièle Weber informéiert.