Europa Aktuell
EU-Impf-Certificat oder en Impfpass fir ze reesen
Ronn 22 Milliounen Leit an der EU krute bis elo eng Impfdosis gesprëtzt. Fäerdeg geimpft (also mat zwou Dosissen) si bis elo ronn zwee Prozent vun de 446 Millioune Leit, déi an der EU liewen. Et ass also nach ee wäite Wee, bis datt de Gros vun den EU-Bierger geimpft wäert sinn.
An awer ass d'Diskussioun doriwwer, op wéi eng Ännerunge geimpfte Persounen eventuell hoffe kënnen, scho voll amgaang. Brauch een da vläicht keen Test méi, oder fält d'Quarantän ewech, wann een anzwousch wëllt hireesen? Dierf een eventuell éischter wéi déi aner nees an de Restaurant oder op ee Concert?
Den Impfpass als Entrées-Billet - dorop setzt net nëmmen den Tourismus-Secteur ... Et kéint awer nach e bësse fréi si fir sech grouss Hoffnungen ze maachen.
Vu Bréissel d'Danièle Weber