arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Sommet: Ee weidere Versuch, Rees-Restriktiounen ze koordinéieren
D'Variante vum Coronavirus suergen dofir, datt an der EU nees plazeweis Grenzkontrollen ageféiert goufen. Ënner anerem doriwwer schwätzen haut déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen op engem Sommet. Do soll op en Neits probéiert ginn, d'Mesuren besser ënnereneen ze koordinéieren.
D'Europäesch Kommissioun hält verschidde Restriktiounen fir net ubruecht an huet sechs Länner ee Bréif geschriwwen. Et ass awer net kloer, wéi eng Konsequenzen dat wäert hunn.
D'Danièle Weber informéiert.